Häerzlech Wėllkomm - Willkommen - Bienvenue
De Piusverband gutt opgestallt fir d'Zukunft

An eiser Generalversammlung ass et Usus, dat alt Joer Revue passeieren ze loossen, sech ze froen, wat gutt a wat manner gutt gelaf ass, an a wéi wäit Ziler, dei mer eis zwiélef Méint virdru gesat haten, erreecht goufen. De Start an eng nei Saison gett eis och d'Geleeenheet, d'Priorltéiten ze iwwerdenken, ganz nei Projeten an Iddien an d'An ze faassen an hinne Form ze ginn. Mat Ausdauer, Gedold, Disziplin an enger gehéireger Portioun Eegemotivatioun léisst sech hei villes erreechen.
Den 31 . Dezember 2011 war net nëmmen dat vergaangent Aarbechtsjoer eriwwer, mee gong och d'Mandat vum Comité Central a vun der Delegéierteversammlunq op en Enn . Ouni iwwerdriwwene Stolz an ouni Iwwerhiéflechkeet, déi souwisou feel op der Plaz wier, kënnen d'Membere vu beide Gremien am Virfeld vun der 43. Generalversammlung op eng ganz erfollegräich Bilanz zeréckkucken, déi kloer weist, datt de Piusverband an deene leschte fënnef Joer emmer um Ball war an di néideg Upassunge gemeet huet.
An der leschter Mandatsperiod stiechen ouni Zweiwel d'Feierlechkeete vum 40. Anniversaire (1969-2009) ervir. De Piusverband wollt hei net grouss optrompen, mä dach awer e puer Akzenter setzen: eng Spezialnummer vum Canticum Novum mat der Chronik vum Verband säit 1994, e Concert National an der Philharmonie, en Extrastempel vun der Post mam Hiweis op den Anniversaire.
Weider Highlights an deser Period waren: d'Uropfeierunq vun der Passioun nom Evangelist Mathäus mat engem lëtzebuergeschen Text vum bekannte Schreftsteller Emile Angel; d'Aféierung vum "Prix d'encouragement" fir Chorallen, déi Formatiounsaarbecht fir hir Membere maachen respektiv sech am Beräich vun der Jugendaarbecht ervir dinn; d'Aféierung vum "Prix d'encouragement" fir de beschte Schüler(in) vun der F-Sektioun am 1ère-Examen; d'Aféierunq vun enger neier Auszeechnung fir Sängerinnen a Sänger mat mindestens 60 Joer Aktivitéit. No villen Démarchen krut de Piusverband endlech och de "Statut d'utilité publique". Ganz rezent trëtt de Piusverband mëttels Konventioun dem .Kulturpass" an der « Carte Jeunes" bäi.
E groussen a verdéngte Merci soen ech alle Kolleginnen a Kollegen aus dem Comité Central an aus der Delegéierteversammlung fir di vill a wäertvoll Arbecht, vun 2007-2011, am lntressi vum Piusverband a vum Chouerwiésen hei zu Lëtzebuerg. Mat Respekt vernäipen ech mech virum Léon Lentz, Delegéierten aus der Pastoralregioun „Süden“ ,a virum Jean Anen, Generaltresorier vun eisem Verband, déi allebéid eis an deser Period leider vill ze fréi verlooss hu fir e bessert Liéwen.
E ganz frëndschaftlecht a konstruktivt Gespréich hat de Comité Central elo Enn Januar mam neien Äerzbeschof Mgr. Jean-Claude Hollerich, dee verséchert huet, fir d'Uleies vum Verband a senge Chorallen emmer en oppent Ouer ze hunn an zu all Zäit dialogbereet ze sinn.
Fir di nei Mandatsperiod 2012-2016, dei grad léischt ugefaangen huet, hunn de Comité Central an d'Delegéierteversammlung emmer nach op hierem Fändel stoen: D'Zukunft gehéiert deem, dee schafft, deen eppes beweegt an deen eppes wot!"
Di lescht 5 Joer hu gewisen, datt de Piusverband heizou capabel an deemno och fir d'Zukunft gutt opgestallt ass.
Albert BRAUCH
President vum Piusverband