Events Calendar

By Year By Month By Week Today Search Jump to month
21. October 2018
  • Hamm - Concert

    Sunday, 21. October 2018 16:00

    D'Chorale Ste Cécile "La Hammoise" vun Hamm invitéiert am Kader vun hirem 150. Anniversaire op e Concert vun der Chorale Caecilia Sängerfrënn Gemeng Géisdref am Porsall. Detailer um Flyer.

    Location Kierch zu Hamm
  • Remich - Concert Spirituel

    Sunday, 21. October 2018 16:00

    D'Chorale Ste Cécile vu Réimech invitéiert ganz häerzlech op hire Concert Spirituel an der Porkierch zu Réimech. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Porkierch Réimech (Remich)
  • Hunchereng - Concert spirituel

    Sunday, 21. October 2018 16:30

    D'Chorale Ste. Cécile Hunchereng-Fenneng-Näertzeng invitéiert ganz häerzlech op e Concert an der Kierch zu Hunchereng ënnert dem Motto "Du in unserer Mitte" vu Gregorianik bis Pop. Detailer sinn um Flyer.

    Location Kierch zu Hunchereng
  • Cents - Concert Jubilé

    Sunday, 21. October 2018 17:00

    D'Chorale Sainte-Cécile vum Cents-Fetschenhaff invitéiert am Kader vun hirem 50-jährege Bestoen op e feierleche Concert an der Kierch um Cents. Et sangen d'Kierchechéier vu Bech, Biwer an Hemstal an de Jubilarveräin vum Cents. D'Chorale vum Cents gëtt vum Noémie Desquiotz - Sunnen dirigéiert an op der Uergel begleed vun hirem Titulaire, dem Patrick Colombo. Flyer.

    Location Kierch um Cents
  • Gasperich - Uergelconcert

    Sunday, 21. October 2018 17:00

    D'Chorale Les Chantres de Ste Thérèse vu Gaasperech invitéiert op en Uergelconcert vun hirem Organist, dem Här Paul Hilbert an der Kierch zu Gaasperech. Den Entrée ass fräi, et gëtt eng Quête fir e gutt Wierk ofgehalen. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Kierch zu Gaasperech
27. October 2018
  • Workshop fir Jugendlecher - Gen Verde

    Saturday, 27. October 2018 09:00

    De Grupp Gen Verde invitéiert all Jugendlech vun 13 bis 25 Joer op e Workshop vum 27. bis den 31. Oktober 2018 mat moderner chrëschtlecher Musek am Conservatoire an der Staadt. Informatioune fannt Dir op www.focolare.lu an um Flyer.

    Location Conservatoire vun der Staadt Lëtzebuerg
28. October 2018
  • Furen - Concert Uergel a Gesank

    Sunday, 28. October 2018 17:00

    D'Chorale Sängerbond Furen invitéiert am Kader vun hirem 125. Anniversaire op e Concert mat Uergel a Gesank an der Kierch zu Furen. Den Entrée ass fräi. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Kierch zu Furen (Fouhren) bei Veianen
30. October 2018
  • Concert Gen Verde - Conservatoire Lëtzebuerg

    Tuesday, 30. October 2018 20:00

    Am Kader vun hirem Workshop invitéiert de Grupp Gen Verde op e Concert mat moderner chrëschtlecher Musik am Conservatoire an der Staadt. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Conservatoire vun der Staadt Lëtzebuerg
02. November 2018
  • Allerséileconcert St. Michel

    Friday, 2. November 2018 20:00

    De Méchelschouer invitéiert op säin traditionnellen Allerséileconcert an der Méchelskierch an der Stad, zesumme mat Solisten an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg. Entrée 40 €, Studente 20 €. Reservatiounen iwwer Tel. 30 91 78. Detailer um fannt Dir um Flyer.

    Location Luxembourg, église Saint-Michel
04. November 2018
  • Cents - Concert de bienfaisance

    Sunday, 4. November 2018 17:00

    D'Chorale Ste Cécile vum Cents, déi hir 50 Joer feiert, invitéiert ganz häerzlech op e Benefizconcert an der Centser Kierch. D'Noémie Desquiotz-Sünnen (Sopran) an d'Magali Weber (Mezzo-Sopran) sangen, begleed vum Laurent Felten op der Uergel. Flyer.

    Location Kierch um Cents



Mat der Ënnerstëtzung vun: