Events Calendar

By Year By Month By Week Today Search Jump to month
DEFAULT
23. September 2018
  • Hamm - feierlech Mass

    Sunday, 23. September 2018 10:00

    D'Chorale Ste Cécile "La Hammoise" invitéiert am Kader vum hirem 150 jährege Jubiläum an eng feierlech Mass an der Hämmer Kierch, déi vun der "Chorale Sainte-Cécile" Moutfort-Medingen zesumme mat der Chorale Sainte-Cécile Éiter-Schraasseg gesonge gëtt.

    Location Kierch Hamm
30. September 2018
  • Weimerskirch - feierlech Mass

    Sunday, 30. September 2018 10:30

    Am Kader vum hirem 175-jährege Jubiläum invitéiert d'Chorale Ste Cécile vu Weimeschkierch an eng feierlech Mass, gesong vun der Chorale Ste Cécile vu  Bouneweg.

    Location Martinuskierch Weimeschkierch
01. October 2018
  • Regionalversammlung Norden Eschweiler/Wooltz

    Monday, 1. October 2018 19:30

    De Piusverband invitéiert ganz häerzlech op séng Regionalversammlung fir den Norden zu Eschweiler bei Wooltz. Jidfereen däerf awer gären op déi Regionalversammlung goen, déi ëm am beschte läit. Detailer iwwert all d'Regionalversammlunge fannt Dir um Flyer.

    Location Centre Culturel Eschweiler/Wooltz
04. October 2018
  • Regionalversammlung Osten - Fluessweiler

    Thursday, 4. October 2018 19:30

    De Piusverband invitéiert ganz häerzlech op séng Regionalversammlung fir den Osten zu Fluessweiler. Jidfereen däerf awer gären op déi Regionalversammlung goen, déi ëm am beschte läit. Detailer iwwert all d'Regionalversammlunge fannt Dir um Flyer.

     

    Location Festsall Fluessweiler
08. October 2018
  • Regionalversammlung Zentrum - Ettelbréck

    Monday, 8. October 2018 19:30

    De Piusverband invitéiert ganz häerzlech op séng Regionalversammlung fir den Zentrum zu Ettelbréck. Jidfereen däerf awer gären op déi Regionalversammlung goen, déi ëm am beschte läit. Detailer iwwert all d'Regionalversammlunge fannt Dir um Flyer.

     

    Location Däichhal Ettelbréck
10. October 2018
  • Regionalversammlung Süden a Lëtzebuerg - Leideleng

    Wednesday, 10. October 2018 19:30

    De Piusverband invitéiert ganz häerzlech op séng Regionalversammlung fir de Süden a Lëtzebuerg zu Leideleng. Jidfereen däerf awer gären op déi Regionalversammlung goen, déi ëm am beschte läit. Detailer iwwert all d'Regionalversammlunge fannt Dir um Flyer.

     

    Location Centre Culturel Leideleng
13. October 2018
  • Reckeng/Mess - Hierkenowend

    Saturday, 13. October 2018 18:00

    D'Chorale Ste Cécile vun Ehleng-Mess invitéiert ganz häerzlech op hiren traditionellen Hierkenowend am Centre Culturel zu Reckeng-Mess. Fir Detailer kuckt w.e.gl. de Flyer.

    Location Centre Culturel Reckeng-Mess
  • Foulscht - Concert

    Saturday, 13. October 2018 20:00

    Foulschter Gesank and Friends in Concert : De Foulschter Gesank (d'Chorale vu Foulscht, Folschette) invitéiert op e Concert deen sie mat hire Frënn, dem "Männerchouer Aterdaul" an der Chorale "Les Villageois Contern" zesummen am Centre Culturel zu Foulscht sangen. Reservatioune kënnen elo schonns gemaach ginn iwwer Tel. 2362 0250 oder Tm 691 508 284. Detailer kommen no.

    Location Centre Culturel Foulscht (Folschette)
14. October 2018
  • Mertert - Erntedankfest

    Sunday, 14. October 2018 17:00

    D'Chorale Sainte-Cécile vu Mäertert invitéiert op d'Erntedankfest an der Porkierch zu Mäertert. D'Mass gëtt gesong vun der Chorale Sainte-Cécile vum Lampertsbierg. OPGEPASST ! D'MASS ASS DËST JOER UM 17 AUER !!!!

    Location Porkierch Mäertert
21. October 2018
  • Hamm - Concert

    Sunday, 21. October 2018 16:00

    D'Chorale Ste Cécile "La Hammoise" vun Hamm invitéiert am Kader vun hirem 150. Anniversaire op e Concert vun der Chorale Caecilia Sängerfrënn Gemeng Géisdref am Porsall. Detailer kommen no.

    Location Hamm Porsall rue de la Montagne



Mat der Ënnerstëtzung vun: