Events Calendar

By Year By Month By Week Today Search Jump to month
DEFAULT
24. May 2019
  • Oetrange - Gesanksowend mat der "Lidderuucht Lëtzebuerg"

    Friday, 24. May 2019 20:00

    D'Chorale Caecilia Moutfort- Medingen invitéiert am Kader vun hirem 125. Anniversaire op e flotten Owend mat Gesank a Gepoters ënnert dem Motto "Um Staminet" mat der "Lidderuucht Lëtzebuerg". Et gëtt och eng Assiette, w.e.g. kucken fir d'Umeldung, d'Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Centre Culturel "Am Medepull" zu Éiter (Oetrange)
26. May 2019
  • Oktav - Schlussprëssëssioun

    Sunday, 26. May 2019 15:00

    All Sängerinnen a Sänger vum Piusverband sinn häerzlech invitéiert, un der Schlussprëssëssioun vun der Oktav deelzehuelen. D'Prëssëssioun geet vu 15 Auer un duerch d'Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg, Rassemblement ass um 15 Auer 30 um Parvis vun der Kathedral, wou jidfereen en Textblad mat de Lidder kritt.

    Location Kathedral Lëtzebuerg
30. May 2019
  • Ruedt/Syr - Fréijorsconcert

    Thursday, 30. May 2019 19:30

    D'Chorale Sainte-Cécile vu Ruedt/Syr invitéiert op hire Fréijorsconcert, zesumme mat dem Sängerbond Helvetia Tandel am Syrkus zu Ruedt/Syr op Christi-Himmelfahrt, den 30. Mee dëst Joer. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Syrkus Ruedt/Syr
31. May 2019
  • Echternach - UergelPunkt12

    Friday, 31. May 2019 12:00 - 12:30

    Invitatioun op en Uergelconcert vun enger halwer Stonn an der Basilika Iechternach. Et spillt de Jos. Majerus. Flyer.

    Location Basilika Echternach
01. June 2019
  • Everlange - Kiermesmass

    Saturday, 1. June 2019 18:30

    Am Kader vun der Feierlechkeete fir 250 Joer Iewerlenger Kierch séngt d'Chorale Caecilia Moutfort-Medingen, déi och dëst Joer e Juibiläum feiert eng schéi Kiermesmass an der Kierch zu Ierwerleng.

    Location Kierch Iewerleng
02. June 2019
  • Everlange - Éisleker Gospelchouer

    Sunday, 2. June 2019 17:00

    Am Kader vun 250 Joer Iewerlenger Kierch sidd Dir ganz häerzlech invitéiert op de Concert vum Éisleker Gospelchouer op Kiermessonndeg um Dag vun den oppene Kierchen an der Kierch zu Ierwerleng. Detailer um Flyer.

    Location Everlange (Iewerleng) Kierch
07. June 2019
  • Echternach - UergelPunkt12

    Friday, 7. June 2019 12:00 - 12:30

    Invitatioun op en Uergelconcert vun enger halwer Stonn an der Basilika Iechternach. Et spillt de Roger Recht. Flyer.

    Location Basilika Echternach
08. June 2019
  • Colmer-Bierg Concert "That's Amore"

    Saturday, 8. June 2019 20:00

    D'Choralle vu Biekerech - Colmer-Bierg - Réiden a Viichten invitéieren Iech op e Concert ënnert dem Motto "That's Amore" am Festsall zu Colmer-Bierg. Detailer wéi Entrées-Präis an Umeldungsméiglechkeete fannt Dir um Flyer.

    Location Festsall zu Colmer-Bierg
11. June 2019
  • Iechternach - Sprangprëssëssioun

    Tuesday, 11. June 2019 09:00

    De Piusverband invitéiert ganz häerzlech seng Memberen a Sympathisanten, un der traditionneller Sprangprëssëssioun zu Iechternach deelzehuelen.

    Location An de Stroosse vun Iechternach
12. June 2019
  • Concert "Sangen ALS Challenge" Conservatoire Lëtzebuerg

    Wednesday, 12. June 2019 20:00

    Den Ensemble Vocal "Les Amis du Chant", d'Chorale des Jeunes du Conservatoire de Musique de la Ville d'Esch-sur-Alzette an d'Chorale Préparatoire du Conservatoire de Musique de la Ville d'Esch-sur-Alzette invitéiren op e Benefizconcert am Conservatoire an der Stad Lëtzebuerg zu Gonschten vun der Recherche iwwert Sclérose Latérale Amyotrophique (SLA), oder maladie de Charcot. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg



Mat der Ënnerstëtzung vun: