Events Calendar

By Year By Month By Week Today Search Jump to month
DEFAULT
17. April 2019
  • Mëttesmusek an der Kathedral

    Wednesday, 17. April 2019 12:30

    Invitatioun op e puer kleng Concert'en Mëttwochs an der Kathedral. Haut mam Stefanie Duprel op der Uergel.

    Location Kathedral Lëtzebuerg
22. April 2019
  • Bettembourg - Concert d'Orgue

    Monday, 22. April 2019 17:00

    D'Chorale Sainte-Cécile vu Beetebuerg invitéiert ganz häerzlech op en Uergelconcert mat hirem fréieren Titulaire, dem Maurice Clement an der Dekanatskierch zu Beteebuerg. Den Entrée ass fräi. Flyer.

    Location Dekanatskierch Beetebuerg (Bettembourg)
05. May 2019
  • Waldbëlleg - Ham, Fritten an Zalot

    Sunday, 5. May 2019 11:30

    D'Uergelfrënn vu Waldbëlleg invitéieren op en Iessen zugonschte vu hirer Uergel. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Waldbëlleg, Cafeteria bei der Sportshal
  • Jonglënster - Concert Spirituel

    Sunday, 5. May 2019 17:30

    D'Chorale Sainte-Cécile vu Jonglënster feiert 100 Joer an invitéiert op e Concert Spirituel an der schéiner Barock-Kierch zu Jonglënster. Et sangen d'Chorale Ste Cécile vu Jonglënster an de Basilika-Chouer vun Iechternach. Begleet gi sie vum Ensemble Instrumental d'Arco an dem Laurent Felten op der Uergel an dirigéiert vum Luc Nilles. Um Programm steet de Gloria vum Vivaldi, d'Missa in hon. Sti Caroli Borromäi vum Filke an d'Uropféierung vun enger Kantat zu Éire vum hl. Martinus vum Patrick Colombo. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Kierch zu Jonglënster
18. May 2019
  • Oktavmass vum Piusverband

    Saturday, 18. May 2019 18:30

    D'Oktavmass vum Piusverband gëtt an dësem Jubiläumsjoer gemeinsam vun engem Jugendchouer, engem gemëschten Erwuessenechouer an engem Männerchouer gesongen. Detailer kommen no

    Location Kathedral Lëtzebuerg
  • Nidderdonven - Fréijoersconcert

    Saturday, 18. May 2019 20:00

    D’ Chorale réunie Donwen-Fluessweiler invitéiert iech ganz häerzlech op hire Fréijoersconcert den 18.05.2019 op Nidderdonven an de Festsall um 20 :00 Auer ënner dem Moto «Â Memories 2008-2018 ». Fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt. Directioun Jos Stutz an um Piano begleed den Thierry Konsbrück.

    Location Nidderdonven - Festsall
24. May 2019
  • Lidderuucht zu Éiter (Oetrange)

    Friday, 24. May 2019 20:00

    Am Kader vun hirem 125. Anniversaire invitéiert d'Chorale Caecilia vu Moutfort-Medingen op en Owend mat der Lidderuucht am Centre Culturel zu Éiter. Detailer kommen no.

    Location Centre Culturel Éiter (Oetrange)
26. May 2019
  • Oktav - Schlussprëssëssioun

    Sunday, 26. May 2019 15:00

    All Sängerinnen a Sänger vum Piusverband sinn häerzlech invitéiert, un der Schlussprëssëssioun vun der Oktav deelzehuelen. D'Prëssëssioun geet vu 15 Auer un duerch d'Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg, Rassemblement ass um 15 Auer 30 um Parvis vun der Kathedral, wou jidfereen en Textblad mat de Lidder kritt.

    Location Kathedral Lëtzebuerg
11. June 2019
  • Iechternach - Sprangprëssëssioun

    Tuesday, 11. June 2019 09:00

    De Piusverband invitéiert ganz häerzlech seng Memberen a Sympathisanten, un der traditionneller Sprangprëssëssioun zu Iechternach deelzehuelen.

    Location An de Stroosse vun Iechternach
24. July 2019
  • Saessolsheim Alsace - Cours d'orgue et Concerts

    Wednesday, 24. July 2019 08:00

    D'Association des Amis de l'Orgue de Saessolsheim am Elsass invitéieren op e Cours fir Uergel a Pianoforte vum 24. bis den 31. Juli, also iwwer eng ganz Woch, et sinn och eng ganz Rëtsch Concert'en virgesinn, den Entrée ass ëmmer fräi. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Saessolsheim am Elsass



Mat der Ënnerstëtzung vun: