Events Calendar

By Year By Month By Week Today Search Jump to month
22. November 2019
  • Jonglënster - Concert d'Anniversaire

    Friday, 22. November 2019 19:30

    D'Chorale Ste Cécile Jonglënster invitéiert ganz häerzlech op hire Concert d'anniversaire officiel, dëst am Kader vun dem 100 jährege Bestoe vun der Chorale. Et spillen d'Musiksveräiner aus der Gemeng Jonglënster. Flyer

    Location Centre polyvalent Jonglënster
23. November 2019
  • Moutfort - feierlech Mass

    Saturday, 23. November 2019 18:30

    Am Kader vum 125. Anniversaire vun der Chorale "Caecilia" Moutfort-Medingen gëtt eng feierlech Gedenkmass an der Kierch zu Moutfort zelebréiert. Jidfereen ass häerzlech wëllkomm fir matzefeieren.

    Location Kierch Moutfort
  • Gilsdorf - Concert Spirituel

    Saturday, 23. November 2019 20:15

    D'Chorale Ste Cécile an d'Chorale Notre-Dame de Fatima vu Gilsdorf invitéiren op e flotte Concert Spirituel an der Kierch zu Gilsdorf. Flyer.

    Location Kierch zu Gilsdorf
24. November 2019
  • Jonglënster - Jubiläumsmass

    Sunday, 24. November 2019 10:45

    "100 Joer Lënster Gesank" ! Dës Feierlechkeeten kréien en neien Héichpunkt mat der Houmass op Caeciliendag an der Kierch zu Jonglënster. Jidfereen ass häerzlech invitéiert fir matzefeieren !

    Location Kierch zu Jonglënster
29. November 2019
  • Béiweng - Kéisowend

    Friday, 29. November 2019 19:00

    D'Chorale Sainte-Cécile Roeser-Crauthem invitéiert op hire Kéisowend am Centre Culturel zu Béiweng. Et gëtt och e Glas Beaujolais Nouveau. Fir d'Umeldunge kuckt w.e.g. de Flyer.

    Location Centre Culturel Béiweng (Bivange)
01. December 2019
  • Garnich - Adventsfeier

    Sunday, 1. December 2019 11:00

    D'Chorale Ste Cécile vu Garnich - Duelem invitéiert op hir Adventsfeier mat Hobbyausstellung. De Menu an aner Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Veräinshaus Garnich
  • Limpertsberg - Weihnachtsgeschichte Carl Orff

    Sunday, 1. December 2019 17:00

    Verschidden Assoziatioune vum Lampertsbierg hunn séch zesummegedoen fir Iech "D'Weihnachtsgeschichte" vum Carl Orff an engem Concert ze präsentéiren. Flyer.

    Location Kierch um Lampertsbierg
08. December 2019
  • Christmas Carols 2019 - Echternach

    Sunday, 8. December 2019 16:00

    Den Ensemble "Les Amis Du Chant Luxembourg" invitéiert op hiren traditionnelle Chrëschtdagsconcert dëst Joer och an der Basilika zu Iechternach.

    Location Basilika Echternach
  • Mamer - Adventsconcert

    Sunday, 8. December 2019 16:30

    D'Chorale Ste Cécile Mamer invitéiert op hiren traditionnellen Adventsconcert an der Porkierch zu Mamer. Den Entrée ass fräi, et gëtt eng Quête gemaach. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Porkierch Mamer
  • Neiduerf - Advents- a Chrëschtdagsconcert

    Sunday, 8. December 2019 17:00

    De Männerchouer Ste Cécile Neiduerf-Weimeschhaff invitéiert op en Advents- a Chrëschtdagsconcert an der Kierch am Neiduerf. Et sangen d'Chorales réunies d'hommes ënnert der Leedung vum Josée Faltz-Wilmes.

    Location Kierch am Neiduerf (Lëtzebuerg-Stad)



Mat der Ënnerstëtzung vun: