Events Calendar

By Year By Month By Week Today Search Jump to month
Events for
2019
September 2019
  • Lëntgen - Concert

    Den Ensemble Vocal Jubilate Musica Lëtzebuerg invitéiert op e Concert mat Chouerwierker mat Uergelbegleedung vum Mozart (Messe in C KV 259), Allegri (Lamentationes Jeremiae) an Arvo Pärt (Salve Regina) ënner anerem. Opgepasst : Dëse Concert ass NET an der Kierch, mee an de Gebeilechkeete vun der Uergelmanufaktur Westenfelder op 75, rue de Diekirch zu Lëntgen. Den Entrée ass fräi, et gëtt eng Quête ofgehalen. Flyer.

    Location Lëntgen - Uergelmanufaktur
  • Jonglënster - feierlech Mass

    Am Kader vun hirem Jubiläum invitéiert d'Chorale Ste Cécile Jonglënster an eng feierlech Houmass, gesong vun dem Gaaschtchouer "Heerlens Bruidskoor".

    Location Kierch zu Jonglënster
  • Everlange - Concert d'Orgue

    Invitatioun op en Uergel-Concert am Kader vun de Feieren fir 250 Joer Kierch Iewerleng an der Kierch zu Iewerleng mat den Organisten Raphaël Wiltgen a Carlo Philippe. Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Everlange - Iewerleng Kierch
  • Junglinster - Concert mat jonke Musikstalenter

    D' Chorale Ste Cécile vu Jonglënster, déi dëst Joer hiren 100. Gebuertsdag feiert, invitéiert op e Concert mat jonke Musikstalenter aus der Gemeng an der Porkierch vu Lënster. Detailer um Flyer.

    Location Porkierch Jonglënster
  • Eeschwëller - Heerstfest

    D'Chorale vun Eeschwëller (Eschweiler bei Woltz) invitéiert op hiert Heerstfest am Centre Culturel zu Eeschwëller. Fir d'Reservatiounen an de Menü kuckt w.e.gl. um Flyer.

    Location Centre Culturel Eeschwëller (Eschweiler bei Woltz)
October 2019
  • Regionalversammlung Zentrum - Schieren

    De Piusverband invitéiert ganz häerzlech op séng Regionalversammlung fir den Zentrum zu Ettelbréck. Jidfereen däerf awer gären op déi Regionalversammlung goen, déi ëm am beschte läit.-Flyer.

    Location Schieren
  • Regionalversammlung Norden Nocher

    De Piusverband invitéiert ganz häerzlech op séng Regionalversammlung fir den Norden zu Nacher. Jidfereen däerf awer gären op déi Regionalversammlung goen, déi ëm am beschte läit.-Flyer.

    Location Nacher (Nocher)
  • Jonglënster - feierlech Mass

    Am Kader vun hirem Jubiläum invitéiert d'Chorale Ste Cécile Jonglënster an eng feierlech Houmass, gesong vun dem Arthur Stammet a séngem Gospelchouer.

    Location Kierch zu Jonglënster
  • Eeschwëller - Ein Strauß voller Musik

    D'Chorale vun Eeschwëller (Eschweiler bei Woltz invitéiert op e Concert an der Kierch zu Eeschwëller mam Orchestre de Chambre "Les Solistes de Luxembourg". Detailer fannt Dir um Flyer.

    Location Kierch zu Eeschwëller (Eschweiler bei Woltz)
  • Regionalversammlung Osten - Contern

    De Piusverband invitéiert ganz häerzlech op séng Regionalversammlung fir den Osten zu Fluessweiler. Jidfereen däerf awer gären op déi Regionalversammlung goen, déi ëm am beschte läit. Flyer.

    Location Contern

Mat der Ënnerstëtzung vun: