Skip to main content

Home

Terminkalender

Waldbillig - Concert Harfe an Uergel
Sonntag, 10. März 2024, 17:00 Uhr
Aufrufe : 1066
von Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Léif Uergelfrënn, heimat invitéiere mir Iech ganz häerzlech op eisen nächste Concert,

BAROQUE MEETS FOLK  Sonndes, den 10. Mäerz um 17.00 zu Waldbëlleg an der Kierch

Et spillen: 

Autumn Le Lievre (Harf) an Robin Alder (Uergel)

D’Autumn Le Lievre ass gebierteg vun der Kanalinsel Guernesey a wunnt elo zu Buerglënster, wou si och an der Musek spillt.

De Robin Alder ass an England gebuer mä hie wunnt scho méi wéi 50 Joer hei zu Lëtzebuerg, wou hien ënnert anerem Organist vun der Anglikanescher Kierch ass.

Hiere Programm setzt sech zesummen, wéi den Titel et seet, souwuel aus bekannte Klassiker wéi dem Händel (Concerto HWV 294) an dem Johann Sebastian Bach (Schafe können sicher weiden, Jesus bleibet méine Freude...), wéi och aus traditioneller Folklore-Musek vun de britteschen Inselen.

 

Ort Waldbillig, église
Waldbillig 100324.jpg